Mir këmmeren eis ëm Är Gesondheet!

Kommt op eisen Birgerdialog mat der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

Hei kritt Dir d'Geleënheet fir den Verantwortlechen vun der Gesondheetspolitik zu Lëtzebuerg direkt déi Froen ze stellen déi Iech besonnesch um Häerz leien.

Sidd mat derbäi, mir ginn Iech Rendez-vous, den:

  • 18. Juli am Festsall vun der Grondschoul zu Dikrech ¦ 1, place Stehres, L-9226 DIEKIRCH
  • 25. Juli am Kultursall zu Steesel ¦ Campus scolaire, L-7339 STEINSEL
  • 26. Juli am Artikuss zu Suessem ¦ 3, rue Jean Anen, L-4460 SANEM
  • 05. September an der aler Schmelz zu Stengefort ¦ rue Collart, L-8414 STEINFORT
  • 12. September an der Schongfabrik zu Kayl ¦ 14, rue Pierre Schiltz, L-3786 TÉTANGE
  • 13. September am Gewännchen zu Réimech ¦ 8, rue des Champs, L-5515 REMICH

All Séancen fänken um 18:00 un.

  • Dernière modification le 11-09-2018